Den Apple-CEO Tim Cook huet a Kalifornien déi neisten Apparater presentéiert. Nieft dem neie Star gouf och déi nei Generatioun AirPods Pro 3 virgestallt.

Apple erweidert seng Offer ëm e weidere Modell. Den iPhone 17 Air ass 5,6 Millimeter déck, an domat deen dënnsten a schlankste vun alle Varianten. Den Apparat soll déi selwecht Leeschtung hu wéi en MacBook-Notebook, verbonne mat engem besonnesch robustem Geheis.

Den Air huet just een Objektiv fir d'Kamera an d'Chippe si méi kleng gi fir dem Akku genuch Plaz ze loossen. Trotzdeem gëtt et d'Méiglechkeet fir eng extern Batterie mat Magnéiter hannen drop ze hänken. Deen neien iPhone 17 gëtt awer och wéi gewinnt als Standardmodell an an der Pro- oder Pro Max-Versioun mat méi Funktiounen ugebueden. Do ass de Kader elo rëm aus Aluminium, an net méi aus Titan.

Donieft goufen a Kalifornien och déi nei AirPods Pro 3 virgestallt. Se hunn en integréierte Bolsmiesser - fir den Training brauch een theoretesch keng Apple Watch méi. Ausserdeem hunn d'Kopfhörer e verbesserte Noise Canceling, méi e staarken Akku a si sollen an der Lag sinn, Gespréicher live z'iwwersetzen.