
© Warren on Unsplash
Den Abrëll mécht bekanntlech wat e wëllt, op alle Fall mat Bléck op d'Wieder. Ma dëst Joer schéngt eng Ausnam ze sinn, um Himmel dominéiert nämlech d'Sonn, Wolleken gesäit een éischter seelen, vu Reen oder Schnéi guer net ze schwätzen. Wat déi meeschte Leit freeën dierft, fänkt de Baueren u Suergen ze maachen, den Ufank vum Joer war nämlech iwwerduerchschnëttlech dréchen. Wa sech déi Wiederlag an deenen nächste Wochen net ännert, wäert sech dat negativ op de Karschnatz auswierken. Ma aktuell mécht eppes aneres de Baueren awer nach méi ze schafen, Marc Hoscheid.
09/04/2025 BAND Impakt Wieder op Landwirtschaft 07h15 (online)
Am meeschte gelies