D’Prise en charge vu Kanner déi Affer si vun haislecher Gewalt muss verbessert ginn. Do ware sech d’Invitéeën an der Emissioun Background de Mëtteg eens. Virop wat d’Prozeduren ugeet, misst nogebessert ginn, war et de Constat. Am Studio beim Anne Wolff waren d’Andrée Birnbaum, Generaldirektesch vu Femmes en détresse, d’Anette Michels vu « La voix des Survivant(es) an den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, Charel Schmit. Eens waren déi dräi sech och, datt d’Kand misst am Fokus stoen, Marlène Clement.

12/04/2025 Background Affer Haislech Gewalt 18h10