
Wäert d'Gemeng Hesper d'Autorisatioun fir d'Ariichte vun engem Veterinärscabinet an engem Appartementshaus der Rue Nicolas Wester zu Alzeng zeréckzéien? Dat wollt d'LSAP-Conseillère Rita Velazquez an enger Sëtzung vum Gemengerot Mëtt Januar wëssen an huet sech dobäi op eng Petitioun vun den aneren Awunner vum Gebai gestäipt. Den CSV-Buergermeeschter Marc Lies huet déi Fuerderung zeréckgewisen, dat mat Verweis op de PAG vun der Gemeng Hesper, deen esou ee Cabinet op där Plaz erlabe géing. Déi aner Awunner gi sech mat där Erklärung awer net zefridden a maachen dem Veterinär an der Gemeng nawell zolidd Reprochen, Marc Hoscheid.
14/04/2025 BAND Veterinär Alzeng 07h15 (online)
Am meeschte gelies