Gëschter sinn zwou Persoune mat medezinesche Problemer an zwou Begleetpersounen aus der Gaza-Sträif zu Lëtzebuerg ukomm. Si waren am Kader vum europäesche Programm fir medezinesch Evakuatiounen iwwert Israel a Rumänien an de Grand-Duché bruecht ginn. Et ass déi éischte Kéier, datt Lëtzebuerg Leit am Kader vun deem Programm opgeholl huet. Am Gesondheetsministère zitt een ee positiven Tëschebilan. Wéi et fir déi Concernéiert viru geet, ass awer nach net kloer, Marc Hoscheid.

11/04/2025 BAND Gaza-Patienten-Transport 07h40 (online)