
D’Wanteraktioun ass zanter de Moien eriwwer. Leit ouni Daach iwwert dem Kapp konnte vum 15. November un a bis hënnt an engem Gebai um Findel iwwernuechten. D’Zuel vu Better war schonn de Wanter virdrun vun 250 op 300 eropgesat ginn. Donieft goufe virsiischthalber Zelter vun der Arméi installéiert mat 30 weidere Better.
Dat Ganzt ass awer wi gesot elo Mol erem eriwwer bis den nächste November.
De Fränz Aulner war de Moien op d’Plaz fir sech e Bild maachen.
15/04/2025 Bilan Wanteraktioun Q&A
Am meeschte gelies