Mam Fréijoer fänkt zu Lëtzebuerg net just d‘Natur un opzebléien, ma och den Tourismus. De Weekend no Ouschteren ass den offiziellen Optakt vun der Summercampagne „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz“. Dëst Joer soll virun allem op Aktivitéiten an der Natur gesat ginn. Zu de beléiftsten Attraktiounen zu Lëtzebuerg gehéieren nach ëmmer de Beetebuerger Park, d‘Veianer Schlass, Kasematten an de Mëllerdalltrail. Doriwwer eraus sollen awer och nei Attraktiounen d‘Touristen, awer och d‘Awunner unzéien.
Chris Meisch
16/04/2025 BAND Optakt Tourismussaison 12h40 ChrisMeisch (INTERNET)
Am meeschte gelies