Behuele sech an der Ëffentlechkeet ëmmer méi Leit esou donieft, datt d'Police méi Moyene braucht, fir d'Situatioun meeschter ze ginn? Där Meenung ass een op mannst an der Regierung. Den Inneminister Léon Gloden hat dowéinst am Juli d'lescht Joer e Projet de loi presentéiert, deen e Platzverweis renforcé an en zäitlech begrenzt Openthaltsverbuet virgesäit. Nodeems de Staatsrot den Text mat enger hallwer Dosen Oppositions formelles schonn zimmlech auserneegeholl hat, kënnt och ëmmer méi Kritik aus der Zivilgesellschaft, Marc Hoscheid.

16/04/2025 BAND CCDH iwwert Platzverweis 17h40 (online)

Zum Beispill vun der consultativer Mënscherechtskommissioun. Do stéiert ee sech dorunner, datt de Gesetzestext net op Fakten, mee op engem subjektive Onsécherheetsgefill beroue géing. An der Lescht géinge Statistiken ëmmer manner eng Roll spillen, dat géing een zum Beispill doru gesinn, datt bis elo nach net analyséiert gouf, wat bis elo de Platzverweis bruecht huet, dee schonn zanter 2022 existéiert. Ma och de Gesetzesprojet u sech gëtt kritiséiert. De Platzverweis renforcé soll net just méiglech sinn, wann een d'Entrée oder d'Sortie vun engem Gebai blockéiert, mee och nach an dräi weidere Fäll. Dozou d'Rhéa Ziadé, Juristin bei der Mënscherechtskommissioun:

"Éischtens ass dat, wann een d'Rou, d'Salubritéit oder d'ëffentlech Sécherheet stéiert, zweetens, wann een de Verkéier op enger ëffentlecher Plaz behënnert an drëttens, wann ee Passanten op der Strooss oder an ëffentleche Reim belästegt. Wéi Der gesitt, sinn dat alles relativ vage a vaste Formuléierungen, déi dozou féieren, datt deen neie Platzverweis an immens villen an ënnerschiddleche Situatioune benotzt kéint ginn, ouni datt et méiglech ass am Virfeld ze wëssen, wat genee domadder gemengt ass."

Et géing also vun der subjektiver Aschätzung vum eenzele Policebeamten oder den Instruktiounen, déi e kritt, ofhänken, wéi déi Begrëffer interpretéiert ginn. Dat kéint zu arbiträren an diskriminéierenden Decisioune féieren. 

Där selwechter Meenung ass ee bei der Associatioun "Solidaritéit mat den Heescherten", déi Ufank d'lescht Joer gegrënnt gouf, well een net mam Heescheverbuet d'Accord ass. De President Guy Foetz werft der Regierung vir, d'Ëffentlechkeet mat de Begrëfflechkeete Platzverweis an Openthaltsverbuet ze täuschen. Dës existéieren zwar schonn an Däitschland, géingen do awer an anere Situatiounen ugewannt ginn.

"Do gëllen déi Saachen dozou, fir eng akut Gefor ofzewenden zu engem ganz bestëmmte Moment. Wärend lo hei an dësem Gesetz gëtt dat quasi eng permanent Aktioun géint Leit, déi op der Strooss liewe respektiv Heescheleit, déi vläicht Incivilitéite beginn, also Saachen, déi Leit op de Wecker, op de Su ginn oder sou."

Esouwuel bei der Mënscherechtskommissioun wéi bei "Solidaritéit mat den Heescherten" fënnt een zudeem, datt eng Partie Mesuren iwwerdriwwe sinn. Zum Beispill d'Tatsaach, datt ee Platzverweis ëmmer 48 Stonnen dauere soll an déi betraffe Persoun 1 Kilometer vun där Plaz ewechbleiwe misst, op där se sech donieft beholl huet. Doriwwer eraus wier et fir d'Policebeamten an der Praxis quasi onméiglech ze iwwerpréiwen, ob d'Leit géint déi Oplage verstoussen.

Wann zwee Mol bannent 30 Deeg ee Platzverweis ausgeschwat gouf, kann de Buergermeeschter een Openthaltsverbuet vu maximal 30 Deeg decidéieren. Dobäi ass et egal, ob déi zwee Platzverweiser aus deem selwechten oder aus verschidde Grënn ausgeschwat goufen. Och een anere Punkt suergt fir Kritik, nach eng Kéier d'Rhéa Ziadé:

"Wat de Perimeter ugeet vun dëser Interdiction temporaire de lieu, deen ass net wierklech prezis genuch an dësem Gesetzesprojet definéiert. Déi eenzeg Limitt, déi virgesinn ass, ass, datt et net den Territoire vun enger ganzer Gemeng couvréiere kann. Dat ass eiser Meenung no awer nach vill ze breet gefächert."

Besuergt weist ee sech och doriwwer, datt et keng Méiglechkeet gëtt, fir a Recours ze goen. An engem däitsche Bundesland wier et par Konter esou, datt bei engem Openthaltsverbuet vu méi wéi 14 Deeg automatesch ee Geriicht déi Mesure kontrolléiere muss. Hei kriten d'Buergermeeschteren ze vill Muecht an d'Gewaltentrennung géing net respektéiert ginn.