Zu Besançon war de Moien eng Pressekonferenz am Zesummenhang mat der Affär ëm Goodyear-Camions-Pneuen, déi wéinst Produktiounsfeeler zu schlëmmen Accidenter gefouert hunn. D’Ermëttlunge waren hei 2016 wéinst onfräiwëllegem Doutschlag lancéiert ginn.

Am Kader vun der Pressekonferenz huet de Procureur matdeelen, wou d’Ermëttlungen dru sinn. De 13. Mee wäerten SAS Frankräich an SAS Lëtzebuerg zu Besançon gehéiert ginn. Ob et da spéider zu engem  Prozess komme wäert ass awer nach net kloer. Och net, ob Goodyear dann als Zéien oder als Ugekloten gehéiert gëtt. D’Diana Hoffmann ass op der Plaz, an faasst eis d’Affär nach eng Kéier zesummen.

17/04/2025 Affär-Goodyear Réckbléck Xh (Online)