An der Affär ëm eng bestëmmte Gamme vu Goodyear Camions-Pneuen, déi geplatzt sinn an sou zu schwéieren Accidenter gefouert hunn, huet de Procureur vu Besançon a Frankräich, den Etienne Manteaux, haut de Point virun der Press gemaach. Den 13. Mee wäerte Representantë vun der SAS-Goodyear Frankräich a vun der SAS Goodyear Opérations Lëtzebuerg zu Besançon vum Untersuchungsriichter gehéiert ginn. D’Diana Hoffmann vu Besançon mat weideren Detailer.
17/04/2025 Goodyear Procureur Besançon 17h40 (Online)
Am meeschte gelies