D’Universitéite wieren Héichbuerge vu lenken Ideologien an Antisemitismus, dofir misste si op déi richteg Schinn bruecht ginn. Esou justifiéiert d’US-Regierung de Fait, datt si den Unien, déi sech de strengen Oploen vun der US-Regierung widdersetzen, d’Budgete kierzen. Dat bekanntste Beispill ass d’Elite-Uni Harvard, déi 2,2 Milliarden Dollar manner kritt. Eng Uni misst bei hire Fuerschungsaarbechten onofhängeg bleiwen, dat wier ganz wichteg, seet d’Simone Niclou, Vize-Rektesch fir d’Fuerschung op der Uni Lëtzebuerg:
Do muss ee fräi Hand hunn fir eben déi Resultater kënnen ze publizéieren, ze presentéieren, déi eben eraus kommen. Dat heescht do ass d’Fräiheet enorm wichteg, dass keen do era schwätzt fir am Viraus de Fuerscher ze suggeréieren dat an dat sinn d’Resultater, déi mir gäre gesinn.
Begrëffer wéi Gender oder Klimawandel si fir d’US-Regierung tabu, a Fuerschungsprojeten déi sech dorop konzentréieren, ginn net méi mat Regierungsgelder ënnerstëtzt. Fuerscher suerge sech ëm hier Aarbechtsplazen an Verschiddener hunn den USA och schonn de Réck gedréint. Wéi gesi Studenten dës Entwécklungen sur place? De Pit Reckinger, Lëtzebuerger Student op der Uni Yale, erzielt wéi seng Professeren mat de rezenten Evolutiounen ëmginn.
Et mécht mer och Angscht wann ech gesinn wéi déi reagéieren, wéi vill Suergen déi sech maachen ëm d'Zukunft vun Amerika, virun allem wann et drëm geet wéi den Trump awer déi Standarde oder déi Acquisen déi ech mengen déi mir an Europa hunn an déi bis elo och nach normal waren an Amerika, wéi déi ugegraff ginn. An dat ass zum Beispill d'Meenungsfräiheet.
Mee net nëmmen vill Proffe maache sech Suergen, och vill auslännesch Studente sinn ëmmer méi virsiichteg mat hiren Aussoen a mat hiren alldeeglechen Aktivitéite, well se Angscht hunn, ausgewisen ze ginn:
Mir hunn dës Woch ICE, also den Immigration and Customs Enforcement, virun der Uni stoe gehat. Eis What's App Channele ware voll mat Leit déi gesot hunn ''Hei passt op wou dir hi gitt', a mir kréie reegelméisseg Maile geschéckt vun der Uni, déi eis drop virbereede wat mer maache sollen wa mir vun ICE géife gestoppt ginn. Do gi Leit cibléiert, déi sech géint den Trump ausgeschwat hunn oder déi mat op Studenteprotester waren.
Wann de Pit nach emol virun der Decisioun stéing fir an d'USA studéieren ze goen, géif hien sech elo kloer dogéint decidéieren. Dat alles sinn Entwécklungen, déi weltwäit Konsequenze mat sech bréngen, esou d'Simone Niclou. D’Fuerschung géif nämlech vum Austausch ënnert de Wëssenschaftler liewen: Déi neisten Erkenntnisser a Resultater berouen op Recherchen, déi scho gemaach goufen an ouni deen Austausch, deen duerch manner Finanzement méi schwiereg gëtt, gëtt d’Fuerschung a ville Beräicher opgehalen:
D’Fuerschung ass absolut vernetzt an ass global. A wann do Lächer an d’Landkaart kommen ass dat einfach schued. Ech mengen do geet et net esou ëm Onofhängegkeet, mee et ass einfach schlecht fir d’Fuerschung a fir déi nei Erkenntnisser wann d’Fuerschung esou net méi ka statt fannen.
Datt de Fuerschungs-Standuert USA duerch dem Trump seng Demarchë géint d’Universitéiten a géint d'International Studente manner beléift gëtt, ass nëmmen eng vun de Konsequenzen, seet d'Simone Niclou weider. Aner Länner a Regiounen sollten Experten no dowéinst och verstäerkt an hir Fuerschung investéieren, fir eventuell Lächer an der Recherche ze fëllen.
D’Simone Niclou ass dann och d’nächst Woch Invitée an der Emissioun Kloertext, wou ënnert anerem och iwwer d’Fräiheet vun der Wëssenschaft an d'Kriibsfuerschung zu Lëtzebuerg diskutéiert gëtt.