Muer ass Ouschterdag, an den Dag virdrun héiert een d'Klibberen an de Gesang vun de Kanner.  Déi sinn tëschent gréngen Donneschdeg a Karsamschdeg an den Uertschaften ënnerwee. Och d‘Ouschtereeër däerfen natierlech net feelen. Zwee Bräich, déi bis an d‘Mëttelalter zréck ginn. Am Musée Thillenvogtei zu Randschelt versicht een de Kanner dës historesch Traditioune méi no ze bréngen. Chris Meisch

19/04/2025 BAND Ouschterbräich 7h40 ChrisMeisch (INTERNET)

D'Kanner zéien mueres, mëttes an owes duerch d'Stroossen, fir mat hire Klibberen oder Jarren unzekënnegen, datt d'Mueres- oder d'Owesklack laut. Fir Ouschtere ginn d'Klibberjongen a Meedercher da belount a kréie meeschtens schonn um Karsamschdeg d'Ouschtereeër als Klibber-Loun. Esou gesäit et den traditionellen Ouschterbrauch emol vir.  D‘Jill Kaiser ass Animatrice beim Musée Thillenvogtei zu Randschelt. Zesumme mat hirer Ekipp weist si de Kanner den Alldag vun eise Virfaren an ënnert anerem eben och déi al Ouschterbräich.

„Also wärend der Ouschterzäit kommen se hei hinner, dat hänkt elo dovun of wann si de ganzen Dag sinn oder den hallwen Dag. De ganzen Dag do ass dann nieft Klibbere goen an Eeër fierwen a Fréijoersbotz gëtt dann awer och nach en Ouschterhues gebak. Mam Klibberen wëlle mir de Kanner dee Brauch méi no bréngen. Villäicht se och bëssi motivéieren dann och duerno am Duerf klibberen ze goen, fir dass dat einfach net verluer geet.“
Ee brauch dee bis an d‘Mëttelalter zréckféiert. Klibberen ass eng al Traditioun a kathoulesche Géigenden: am Elsass, laanscht d'Musel a Frankräich an zu Lëtzebuerg. D'Klibberkanner, fréier d'Massendénger, ersetzen d'Klacke vun der Kierch vu Gréngen Donneschdeg bis Ouschtersonndeg ersetzen, déi dann, wéi gesot gëtt, op Roum beichte sinn. Esou wéi d‘klibberen, gehéiert och d‘Fierwe vun Ouschtereeër zu de Ouschterbräich. Nach eemol d‘Jill Kaiser.

„An dann och mat den Eeër fierwen effektiv maache mir och wéi fréier, mir huele elo keng modern Faarwen. Mir fänke mol un mat den Ënneschuelen, fréier ass dat nämlech haaptsächlech an Ënneschuelen gemaach ginn, well dat jo einfach den Offall war an och eebe fir dann déi gekachten Eeër mat de réien Eeër dann ze ënnerscheeden, well wärend der Faaschtenzäit konnt ee jo dann keng Eeër iessen. Trotzdeem hunn d‘Hinger jo Eeër geluecht a fir dass déi net faulen huet ee se gekacht an da konnt een se dann esou ënnerscheeden. Hei weise mir dann och nach de Kanner wéi een et mat der rouder Faarf mécht, respektiv déi rout Rommel déi mir Moies kachen an dann huele mir nach de roude Kabes fir Blo ze maachen.“

Fir d‘Ekipp vum Musée Thillenvogtei ass et wichteg de Kanner al Traditiounen ze weisen. Den André Kirsch, Gestionnaire
„Well dat eeben och zesumme mat eisem ganze Patrimoine eis kulturell Identitéit ass, also bëssi eis DNA och ee Stéck wäit an dat ass och eng Aufgab vun eis als Musée, mir hunn eis op de Fändel geschriwwen dass mir wierklech dat immateriellt also d‘Bräich an och wéi een eppes mëscht, wéi een eppes hierstellt, dass een dat hei well promouvéieren.“ 

Och déi bekannte Fréijoersbotz geet op Ouschteren zeréck. Wann et deemools nom laangen däischtere Wanter nees méi hell ginn ass, war et un der Zäit d‘Spawecken an de Stëbs ewech ze maachen, éier d‘Famill op Besuch koum.

D'Klibbere gehéiert iwwregens zanter Dezember 2022 zum immaterielle UNESCO-Kulturierwe vum Grand-Duché.