Firwat huet déi us-amerikanesch Regierung Stroftaxen op Produiten aus quasi der ganzer Welt decidéiert? Wat sinn d'Repercussiounen op Lëtzebuerg a wéi sollt d'Europäesch Unioun reagéieren? Doriwwer gouf de Mëtteg an eiser Emissioun Background diskutéiert. Am Studio waren d'Directrice vum Recherche-Institut LISER, Aline Muller, de Chef vum Autoszouliwwerer IEE, Paul Schockmel, an de fréiere Lëtzebuerger EU-Kommissär an LSAP-Minister Nicolas Schmit. Déi dräi Invitéë ware sech doriwwer eens, datt d'Ëmsetzung vun de Stroftaxen zimmlech chaotesch war, ma trotzdeem géing eng fix Iddi hannert der US-Handelspolitik stoen, Marc Hoscheid.
19/04/2025 BAND Resumé Background 18h10 (online)
Am meeschte gelies