D’staatlech finanziell Hëllef fir d’Installatioun vu Photovoltaik soll an Zukunft préfinanzéiert ginn. De Gesetzprojet ass schonn déposéiert a soll wann et der Regierung no geet séier gestëmmt ginn. Haapt Ännerung ass nieft der Préfinanzéierung de Calcul vun der Hëllef.


D’Chambre des salariés begréisst d’Préfinanzéierung als e Schratt an déi richteg Richtung, fir datt och Leit mat manner finanzielle Moyenen Zougank zur Subventioun kréien. Allerdéngs kritiséiert se eenzel Punkten an der geplangter Formel fir d’finanziell Hëllef ze berechnen.

Photovoltaik Hellef Reform Avis Chambre des Salariés