Zwou Persounen no Déifstall vun zwee Porschen zu Diddenuewen festgeholl
© Alejandro Martinez Gonzalez / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
Wéi "Le Républicain Lorrain" mellt, goufen en Dënschdeg de Mëtteg géint 15 Auer zwee Autoe vum Hiersteller Porsche aus enger Garage zu Lëtzebuerg geklaut.
Bei den Autoen hätt et sech ëm ee Porsche 911 Dakar an ee Porsche RS Spyder gehandelt. Direkt nom Déifstall sinn ënner anerem déi franséisch Autoritéiten iwwert de Virfall informéiert ginn. Géint 18 Auer goufe béid Gefierer dann op der Héicht vu Linkling zu Diddenuewen gesinn a vun der Brigade anticriminalité (Bac) gestoppt.
Zwou Persounen am Alter ëm déi 20 Joer, déi an engem vu béiden Autoe souzen, goufe festgeholl. Dem Chauffer vum zweeten Auto war et gelongen, sech ze Fouss duerch d'Bascht ze maachen. Déi franséisch Police soll d'Ermëttlunge mat de lëtzebuergesche Kolleegen opgeholl hunn.
Vun der Police Lëtzebuerg ginn et aktuell nach keng Informatiounen iwwert dëse Virfall.