E Gewalt-Video, wou e Sträit tëscht Schülerinnen eskaléiert war, 
an deen op de soziale Reseauen gedeelt gouf, 
hat d'läscht Woch fir eng sëllegen Commentairen gesuergt. 
D'Direktioun vum Escher Lycée Belval huet séier reagéiert 
an sech dem Fall ugeholl. 
Och d'Police gouf saiséiert a Conseils de Discipline goufen lancéiert.
Mee wéi ass deem Phénomène bäi ze kommen 
a wat soll gemeet ginn am Fall, wou sou Szenen geschéien?
De Roy Grotz huet beim CEPAS nogefrot...

28/04/2025 CEPAS: Gewaltvideoen Rep. R. Grotz (ONLINE)