Fir vill Schüler aus de Primärschoule suergt de Choix vum Lycée fir vill Kappzerbrieches. Fir Lycéesschüler ass et d’Sich no enger Léierplaz. Dofir ass aktuell nees d’ “YEP !-Schoulfoire” an der LUXEXPO um Kierchbierg. Se leeft zanter gëschter bis nach iwwermuer. Op 17.000 Quadratmeter, verdeelt op 3 Halen, gëtt et Informatiounen, Inspiratioun an Interaktioun. 
D'Emmanuelle SCHMIT war de Moien de Bols fillen...

28/04/2025 BAND Impressioune vun der Schoulfoire 2025 17h40 -schmit-

D’YEP !-Schoulfoire riicht sech u Schüler aus dem Cycle 4, Schüler vun den internationale Schoulen an  Secondairesschüler. Iwwer 45 Lycéeën an 150 Formatiounë ginn op der Foire virgestallt. Doriwwer eraus bidde verschidde Ministèren an d’Maison de l’Orientation Informatiounen a Berodung un. Nieft de klassesche Stänn ginn och Atelieren an Demonstratiounen organiséiert, opgedeelt an 9 thematesch « Formatiounsuniverse », déi vu Wëssenschaft a Technik bis Konscht a Gesondheet ginn. Bei den Ateliere goufen et kloer Favoritte bei de Schüler :
«Kahoot a Robotiksaachen.  
Deen wou ee Pëlle ka maachen.  
Dee wou ee Pëlle maache kann.
Ech fanne Kahoot ass ganz cool.
Ech fannen och Kahoot ganz cool an dee mam Roboter. »
 

 De Schüler gefält d’Foire och allgemeng :
«Bis elo ganz cool, et ass meng éischte Kéier hei an ech fannen et wierklech flott hei.
Fannen et mega gutt awer.
Se ass mega cool.
Mega mega mega cool.
Ganz intressant.
Jo se ass ganz intressant an et si mega cool Stänn hei. »

 
Ma wéineg Fro gi bei de Stänn gefrot ? Mir hunn eng Proff aus dem LCD gefrot an eng eng Vertriederin vun HealthCareers :
« Déi meeschte froe sinn a Verbindung mam Horaire a mat den Aktivitéiten déi mir esou ubidden, a bis wéi vill Auer d’Schoul dauert a wat hinnen ugebuede gëtt , konkret nieft de Schoulfächer.
Also et ass wierklech ganz verschidden, et sinn der vill déi kommen, déi ebe Froe stelle wéineg Gesondheetsberuffer et iwwerhaapt ginn, mee awer trotzdeem ass awer de Gro déi komme ganz konkret, déi soe voilà ech wëll Infirmière ginn, ech well Hiewamm ginn  oder eben ech wëll Medezinner ginn an déi dann ebe wierklech froe wou kann ech dat léieren.»

 
Geschter hat d’Schoulfoire mam Familljendag ugefaang, wou d’Famillen tëscht 11 an 18 Auer fräi konnten duerch d’Halen zirkuléieren. Haut war op der YEP Foire Léierplazendag, wou eng Rei Entreprisen hir Offer gewisen hunn. D’lescht Joer goufen op der YEP!-Schoulfoire ronn 14 000 Visiteure gezielt.

D’Foire dauert nach bis den 30. Abrëll an ass bis da fir d’Schoulklasse reservéiert.