
All investéierten Euro an d’Defense soll och en Hiewel fir de Wuesstem sinn, dat sot den Direkter vun der Handelskummer, Carlo Thelen de Moie bei der Presentatioun vun der sougenannter Lux4Defence-Strategie. Lëtzebuerg huet sech bei der NATO engagéiert, bis 2030 zwee Prozent vu sengem nationale Räichtum an d’Verdeedegung ze investéieren. Dat wier 1,46 Milliarden Euro an domat eng Hausse vun iwwer 600 Milliounen Euro am Verglach mat elo. Eng Rei Betriber an Institutiounen, dorënner d'SES, de List a Luxinnovation, hunn an deem Kontext an engem Aarbechtsgrupp eng Strategie ronderëm d’Defense-Ausgaben ausgeschafft. Dobäi erauskomm sinn 10 Recommandatiounen un d’CSV-DP-Regierung, Marlène Clement.
Eng Recommandatioun déi relativ séier misst ëmgesat ginn, wann et dem President vum Lux4Defence-Aarbechtsgrupp, Philippe Glesener, nogeet, ass déi datt fir d’Industrie een Hub fir d’Verdeedegung soll zur Verfügung gestallt ginn. Deen Hub soll erlaben, ..
Datt Entreprise kënnen hir Aarbechten an och vläicht éischte Prototypage an engem securiséierten Environnement maachen. An der Defense ginn et ebe Projeten déi si confidentiel, an déi däerfen eben net dobaussen developpéiert ginn, dofir musse se eben deen « Drot » wann ech sou ka soen, musse se hunn.
Och d’Waffegesetz aus dem Joer 2022 misst iwwerschafft ginn, recommandéiert den Aarbechtsgrupp. Wéinst juristeschen Onsécherheeten, géingen nei Betriber am Defense-Beräich, zécken sech zu Lëtzebuerg néierzeloossen, mengt de Philippe Glesener.
An dofir menge mer datt do eng Revisioun vun deem Gesetz misst gemaach ginn fir op d’mannst Entreprisen an den Developpement och hei zu Lëtzebuerg an deem Domaine vun der Defense ze favoriséieren.
Dat soll idealerweis bis Enn des Joers oder spéitstens bannent den nächsten 12 Méint geschéien.
Mir wëssen och datt verschidde Saache mi laang brauchen, mee wann ee Wëllen do ass, dann ass och ee Wee do. An esou komplizéiert Ännerunge recommandéiere mir elo net. Et geet elo besonnesch drëm ze kucken, wéi wäit ee besonnesch déi éischt Hürden, déi een ebe gesäit, aus dem Wee schaaft, an dat ka relativ schnell implementéiert ginn.
Weider Recommandatioune sinn d’Grënnung vun enger nationaler Task Force am Defense-Beräich an vun enger « Marketplace », also eng online-Plattform déi all d’Produiten a Servicer regruppéiert, déi Acteuren aus dem Grand-Duché fir Defense-Zwecker offréieren. Ëmmer an der Optik, datt déi Suen déi an d’Verdeedegung gestach ginn och nees an d’Lëtzebuerger Wirtschaft zeréckfléissen. Op den Euro genee, geet dat awer net, gëtt den Direkter vun der Handleskummer, Carlo Thelen, zou.
Well mir hunn awer net déi Traditioun an der Defense an deene Kapazitéiten do wéi aner Länner dat hunn. Wann der kuckt, Frankräich, alleguer déi Suen déi do an d’Defense ginn, di kommen aus Frankräich, dat ass esou. An zu Lëtzebuerg ass dat net realistesch an enger éischter Phase, mee dofir soe mir, eng Ambitioun misst awer sinn fir op d’mannst 60 Prozent vun engem Euro dann an d’Wirtschaft rëm direkt fléissen ze doen.
Den Aarbechtsgrupp huet iwwerdeems 110 Betriber am Grand-Duché detektéiert, déi am Beräich vun der Defense aktiv sinn an Deel vun der Lux4Defence-Strategie kéinte sinn. Enn Mäerz krut déi schwaarz-blo Regierung déi Strategie presentéiert. De Feedback wier allgemeng positiv gewiescht, schätzt de Carlo Thelen.
Wat dovunner zeréckbehale gëtt an der nationaler Defense-Strategie, dat gi mer da wuel spéitstens am Premier Luc Frieden senger Ried zur Lag vun der Natioun an zwou Woche gewuer.