Dikrech verbannen déi meeschte Leit wuel mat der Kavalkade, dem Iesel oder natierlech dem Béier. U Wäin denkt ee bei der Stad un der Sauer éischter net. Ma dat soll sech geschwënn änneren. Zanter leschter Woch bedreift nämlech de Veräin "Dikrecher Wäifrënn" um Härebierg ee Wéngert. Domadder soll eng al Traditioun rëm opliewe gelooss ginn, déi iwwert all sozial Grenzen ewech ee Stéck wäit Identifikatioun mat der Regioun schafe soll. Doriwwer eraus sollen och eng touristesch an eng edukativ Plus-value entstoen. Wann alles no Plang leeft, kéinte schonn an dräi Joer déi éischt Drauwe gelies ginn, Marc Hoscheid.

05/05/2025 BAND Wäin vun Dikrech 07h15 (online)