Wéi digital ass Lëtzebuerg wierklech? Wou sinn d’Probleemer? Ënnert anerem doriwwer gouf de Moien an der Chamber geschwat. Op Inititiativ vun der Oppositiouns-Fraktioun LSAP hunn eng Rei Deputéiert a Ministeren en Debat iwwer den digitale Wandel an d’Integratioun vun der Kënschtlecher Intelligenz am ëffentlechen Déngscht gefouert. Carla Schuller.

30/04/2025 Digitaliséierung zu Lëtzebuerg / Reportage: Carla Schuller

D’Regierung wëll Lëtzebuerg zu engem Virreider an der Digitaliséierung maachen – mat kënschtlecher Intelligenz, engem moderne E-Gouvernement a méi Cyber-Sécherheet.
Mee d’Realitéit wier dacks eng aner, fënnt de Ben Polidori vun der LSAP. Et géing un enger konkreter Strategie feelen.
"Vun engem richtegen E-Governement si mir hei zu Lëtzebuerg awer nach ganz wäit ewech. Eise Staatsapparat, dee muss fundamental Transformatiounen an d'Ae faassen. D'Digitaliséierung ass net just eng Fro vun neien Technologien a Software, mee et geet hei ëm ganz vill méi. Et geet ëm eng digital Verwaltungskultur. Eng Kultur, déi op Transparenz, Effizienz an e gudden Zougang zu Servicer baséiert."

Dat gesäit Digitalisatiounsministesch Stéphanie Obertin anescht. Zu Lëtzebuerg wier scho vill gemaach ginn:
"Et ass kloer, dass zu Lëtzebuerg déi digital Ära elo net bei Null ufänkt. Iwwert d'Joren huet Lëtzebuerg probéiert als digitale Standuert attraktiv ze ginn an och ze bleiwen. Mir hunn Tier 4 Datenzentren, eng räich an divers Fuerschungsgemeinschaft an der Quantentechnologie, eng héich Vitess Internetinfrastruktur, bedeitend Expertise am Beräich vun der Postquantekryptographie an och privat Acteuren, déi am Beräich souverän Cloud-Servicer ubidden."

Dem Ben Polidori no kéint d’Digitaliséierung virun allem Leit mat engem Handicap verschidden administrativ Prozesser vereinfachen. D’Digitaliséierung kéint vill verbesseren – mee just wann se inklusiv ass a keen zeréck léisst, mengt de Maurice Bauer vun der CSV.
"Mir däerfen a mir wëlle keen ausschléissen. A mir hunn d'Verantwortung all d'Mënschen, déi wëlle matgeholl ginn, duerch Formatiounen ze ënnerstëtzen. Mee virun allem musse mer jo awer och deene Mënschen, déi net wëllen oder net kënnen derbäi sinn, och weiderhin net digitaliséiert Demarchen erlaben ze maachen."

De Bierger soll selwer entscheede kënnen ob een d’administrativ Aarbecht op digitalem oder analogem Wee maache wëll. Den Dateschutz misst egal wéi ëmmer garantéiert sinn. D’Alexandra Schoos vun der ADR:
"Et gi Leit, déi wëllen den digitale Wee aus ënnerschiddleche Grënn net notzen. An et sinn och net just déi eeler Leit. Doduerch, datt déi öffentlech Déngschtleeschtungen ëmmer méi iwwert den digitale Wee gereegelt ginn, spillt den Dateschutz eng ëmmer méi grouss Roll. D'Sécherheet vun de Bierger hiren Donnéeë muss selbstverständlech och ëmmer garantéiert ginn, woufir all déi néideg Sécherheetsmoossnamen ëmmer um neiste Stand musse gehale ginn."

D’Deputéiert ware sech dann och eens, datt een Chatbot net kéint de mënschleche Kontakt ersetzen. Nieft den digitalen Demarchë soll et deemno weider méiglech sinn de perséinleche Kontakt opzehuelen.

An enger Motioun fuedert den LSAP Deputéierte Ben Polidori ënnert anerem eng zentraliséiert Plaz vun den Digitaliséierungsprojeten an engem Ministère. Dës gouf awer net ugeholl.