Muer ass et souwait: da kommen zu Roum 133 Kardineel fir de Konklav beieneen, wou de Successeur vum Popst Franziskus gewielt gëtt, deen op Ouschterméindeg am Alter vun 88 Joer verscheed ass.
No enger feierlecher Mass setzen vu muer un d'Kardineel an der Sixtinescher Kapell beieneen - deen éischten Damp dierft et dann muer den Owend no engem 1. Wahltour ginn.
Fir de neien - 267sten- Poopst ze wielen gëllt d'Zwee-Drëttel-Majoritéit, wat also op mannst 89 STëmmen sinn.
Fir eis suivéiert de Marc Hoscheid zu Roum de Konklav - natierlech ass et do d'Fro mat wéi enge Chancen dann de Lëtzebuerger Kardinol Jean-Claude Hollerich an déi Poopst-Wahl erageet...?

LIVE

Souwait de Marc Hoscheit vu Roum, wou muer also de Konklav ufaenkt, deen bei de läschten Editiounen 2 bis 3 Deeg gedauert huet.
Muer ass also just een (1) Wahl-Tour um Programm, déi Deeg duerno dann sinn 4 Wahltiir geplangt: 2 moies an 2 Mëttes - a mir sinn natierlech do mat dobai.

06/05/2025 Pre-Konklav Roum (Live)