
© AFP
Op de läschten 8. Mee - genee virun 80 Joer huet Nazi-Däitschland kapituléiert, domadder ass den Zweete Weltkrich op mannst an Europa op een Enn komm. Zu Lëtzebuerg waren d'Kampfhandlungen scho Mëtt Februar mat der Befreiung vu Veianen definitiv eriwwer. Ma och no der Kapitulatioun vun Däitschland war d'Kapitel Zweete Weltkrich am Grand-Duché nach laang net eriwwer, well den Neesopbau sech bis an d'1950er-Joren zéie sollt. Manner bekannt ass de Fait, datt däitsch Krichsgefaangener, dobäi eng wichteg Roll gespillt hunn. Eng Partie vun hinne souzen an deene selwechte Lageren, an deene virdru Lëtzebuerger agespaart waren, Marc Hoscheid.
08/05/2025 BAND Krichs-Prisonéier zu Lëtzebuerg 07h40 (online)
Am meeschte gelies