Et ass déi aner Transitioun oder Deel vun der Transitioun: d’Baueren mussen hiren Ausstouss vun Ammoniak reduzéieren. E schiedleche Gas, deen haaptsächlech vun der Landwirtschaft ausgestouss gëtt. Den Ammoniak fënnt ee besonneg am Dünger an der Gülle an am Pif erëm, also an der Fleesch a Mëllechproduktioun.
D’Bauere musse bis d’Joer 2030 hir Ausstéiss vun Ammoniak ëm 22% par Rapport zu 2005 redzéieren. Et wier ee bei 11% ukomm, huet et haut op enger Pressekonferenz um Bauerenhaff vun de Bridder Marx zu Garnech geheescht. Fir eis war de Fränz Aulner do
Am meeschte gelies