Kënnt een Hangar fir ee Rettungshelikopter an d'Nordspëtzt vum Land a wa jo, wéini a wou hi genee? Déi Fro gëtt scho méi laang diskutéiert. Als méiglech Plaz gëtt ëmmer nees Ëlwen genannt, d'Gemeng ass op alle Fall interesséiert, ma bei der Autorisatioun geet et net richteg virun. Geschwë kéint awer Beweegung an den Dossier kommen, well den Hangar bei der Ettelbrécker Klinik, wou den Helikopter aktuell steet, ka wuel net méi ganz laang genotzt ginn, Marc Hoscheid.

06/05/2025 BAND LAR Heli Eislek 07h40 (online)