
Wee géift der wielen, wann e Sonndeg Wale wären? Dat ass d’»Sonndesfro», déi RTL an d’Lëtzebuerger Wort zweemol d’Joer iwwer d’ILRES stelle loossen.
Bei de Resultater a Prozenter huet sech wéineg gedoen. Wann een d’Sëtzverdeelung kuckt an de Verglach mat de Walen 23 mécht, da ginn et awer scho Verännerungen.
Blo, Rout, Gréng wär theoretesch nees méiglech, déi Gréng hätten nees Fraktiounsstäerkt an d’ADR net méi.
Da gouf awer och d’Fro gestallt, ob d’Wieler a Wielerinnen eng Pensiounsreform ënnerstëtzen.
An do ass – Carine Lemmer - d’Äntwert kloer: Jo!
08/05/2025 Sonndesfro & Pensiounen 7h40 - online -
Am meeschte gelies