Besonnesch déi Jonk wäerten an Zukunft méi laang schaffen, méi laang cotiséiere mussen fir eng komplett Pensioun ausbezuelt ze kréien, dat ass spéitstens zanter den Erklärungen vum Luc Frieden gëschter um Enn vun den Debatten no der Ried zur Lag vun der Natioun kloer. Déi Debatten hu sech, besonnesch ëm d'Pensiounsrefrom gedréit. Wat jo net verwonnerlech ass well d'Regierung bis elo jo zwar vill consultéiert a vill d'Leit "mat schwätze" gelooss huet mä bis elo selwer nëmme rose wéineg gesot huet. An do ass ee gëschter um Krautmaart vum Premier e puer interessant Detailler awer gewuer ginn. D'Claude Zeimetz ass elo bei mir am Studio fir doriwwer ze schwätzen. Gudde Mëtteg Claude,
Wéi laang musse mer da lo méi schaffe goen?
15/05/2025 Pensiounen éischt Prezisiounen
Am meeschte gelies