Uewen op der Lee stinn d’Pensiounsdebatt an den éischte richtege Budgetsprojet vun der CSV-DP Regierung

Iwwert déi zwee Dossiere schwätze mir am Presseclub mat de Journalistekolleegen Ines Kurschat vum Lëtzebuerger Wort, Sidney Wiltgen vum Tageblatt a Laurent Schmit vu reporter.lu.

Mat hinnen analyséiere mir natierlech och déi neisten Entwécklungen an Aussoen an der Caritas Affär an d’Visitt vum Poopst.

Presseclub um 29. September 2024

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.