
© afp
Am nationale Basket hunn d'Dammen op héchstem Niveau dëse Weekend Paus. Charlie Bidinger a Co. spillen d'nächst Woch an der Europameeschterschaftsqualifikatioun an hunn d'eenzegaarteg Méiglechkeet sech fir d'EM ze qualifizéieren. D'Hären hunn am Championnat haut an e Sonndeg en duebele Spilldag um Programm stoen. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:
31/01/2025 18h40 Rebound
D'Hären hunn elo haut emol den 18. Spilldag an der Enovos-League. D'Sparta spillt géint Steesel, Munneref géint Diddeleng, Hiefenech géint de Leader Etzella, de Basket Esch géint d'Fiels, a Konter géint d'Pikes. Walfer hat e Mëttwoch scho géint Mamer verluer.
Am meeschte gelies