Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: New Mexico.

16/10/2024 Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten - 1 Land (New Mexico)

NEW MEXICO
Awunner: 2,1 Milliounen
Haaptstad: Santa Fe
Spëtznumm: The Land of Entchantment

Säi Spëtznumm "The Land of Entchantment" huet New Mexico wéinst senger aussergewéinlecher Natur. Flaach Prärie wiessele sech mat de südlechen Ausleefer vun de Rocky Mountains, Bëscher an onberéierter Wildnis of. Dee bedeitendste Floss ass de Rio Grande, deen am Colorado entspréngt a vertikal queesch duerch New Mexico leeft.

Am Nord-Weste grenzt New Mexico u Colorado, Utah an Arizona. Et ass déi eenzeg Plaz an den USA, wou d’Grenz vu véier Staaten sech trëfft. Um Véier-Staaten-Eck steet de Four Corners Monument.

Aus dem New Mexico stamt eng bekannten Alien-Verschwörungstheorie. 1947 hat e Besëtzer vun enger Ranch ondefinéierbar Trümmer op senge Lännereien entdeckt an dat dem US-amerikanesche Militär gemellt. D’Army hat de Virfall ënnersicht a matgedeelt, dass een d’Iwwerreschter vun enger "fliegender Untertasse" fonnt hätt. Kuerz drop hunn si d’Aussoe korrigéiert a vun engem ofgestierzte Wieder-Ballon geschwat. An den 1980er gouf de Virfall als Roswell-Incident weltberüümt. Zwee Auteuren hunn d’Theorie verbreet, dass d’US-Regierung deemools en ausserierdescht Raumschëff mat ausserierdesche Liewewiese fonnt, heemlech ënnersicht a bis haut verstoppt hätt. 1994 gouf opgedeckt, dass d’Trümmer vu Ballone mat Schall-Sensore kommen, déi ënner strenger Geheimhaltung am New Mexico getest goufen. D’Ballone sollte sowjetesch Atomtester identifizéieren.

John Denver
Zu Roswell am New Mexico gouf 1943 de Country-Museker John Denver gebuer. Mat "Take Me Home, Country Roads" huet hien 1971 de groussen Duerchbroch gefeiert a sech zu engem vun de wichtegsten akustesche Museker aus deem Joerzéngt entwéckelt. Mat Lidder ewéi "Sunshine on My Shoulders" oder "Thank God I’m a Country Boy" konnt hien etlech Nummer-1-Hits landen. Mat nëmmen 53 Joer ass den John Denver bei engem Fliger-Accident ëm d’Liewe komm.