Estland wëllt Consultatioune mat NATO-Partner

© SEFA KARACAN / ANADOLU AGENCY / Anadolu via AFP
De baltesche Staat wäert Berodunge no Artikel 4 vum NATO-Vertrag mat sengen Alliéierten ufroen, well si sech an hirer Sécherheet menacéiert fillen.
Nom Andrénge vun dräi russesche Militärfligeren an den estesche Loftraum wäert de Staat aus dem Baltikum Konsultatiounen no Artikel 4 vum NATO-Vertrag mat den Alliéierte froen. Dëse gesäit Berodungen ënner Memberstaate vir fir de Fall, datt ee Staat seng territorial Integritéit, Onofhängegkeet oder Sécherheet menacéiert gesäit. D'Regierung zu Tallinn huet dat confirméiert.
E Freiden Nomëtte waren dräi russesch Kampffligeren an de Loftraum vun Estland agedrongen. Eng "vollkommen inakzeptabel Verletzung" vun hirem Territoire, esou de Regierungschef Kristen Michal. Wärend 12 Minutte waren d'Fligeren onerlaabt am estesche Loftraum, éiert se vun italieeneschen F-35-Maschinnen ofgefaange goufen, déi un der NATO-Iwwerwaachung iwwer Estland bedeelegt sinn. Den Ausseminister vum baltesche Staat Margus Tsahkna huet vun enger "culottéierter Aktioun ouni Beispill" geschwat.
Nodeems russesch Dronen an de Loftraum vu Polen a Rumänien geflu waren, ass deen heiten Tëschefall den nächsten Ament an enger opgehëtzter Stëmmung. Estland, Lettland a Litauen si Member vun der EU a vun der NATO. Si ënnerstëtzen allen dräi d'Ukrain, verfügen awer och allen dräi net iwwer Kampffligeren. Dowéinst gëtt hire Loftraum vun den NATO-Alliéierten iwwerwaacht.