Ekipppen aus der BGL-Ligue kënne sech all duerchsetzen

De Weekend ass am nationale Futtball Paus am Championnat. Um Programm steet d'Coupe.
E Freideg den Owend war den Optakt vun den 1/32-Finallen an der Coupe de Luxembourg am Futtball. Vun dëser Ronn u sinn och d'Veräiner aus der BGL Ligue mat dobäi.
Den FC Déifferdeng 03 krut et mam FC Éilereng aus der zweeter Divisioun ze dinn. Déifferdeng huet näischt ubrenne gelooss a gewënnt um Enn ouni grouss Problemer mat 9:0.
De Progrès Nidderkuer ass géint den FC Syra Mensdorf aus der 1. Divisioun ugetrueden. Och hei war d'Victoire eendeiteg, wann och net sou héich wéi bei Déifferdeng. Mat engem 3:0 behaapte sech déi Nidderkuerer a sinn eng Ronn weider.
Tëscht der US Sandweiler an dem FC Jeunesse Kanech si 7 Goler gefall, mat och hei dem besseren Enn fir d'Ekipp aus der BGL-Ligue. Mat 5:2 setze sech géint de Veräin aus der 1. Divisioun duerch. De Perkovic huet 3 mol fir Kanech getraff.
De Swift Hesper hat mam CS Uewerkuer och e Géigner aus der 1. Divisioun. De Klassenënnerscheed war hei dann och ze grouss an Hesper behaapt sech mat 3:0 a steet an der 3. Ronn.