Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: New York.

17/10/2024 Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten - 1 Land (New York)

NEW YORK
Awunner: 19,5 Milliounen
Haaptstad: Albany
Spëtznumm: The Empire State

D’Haaptstad ass zwar Albany, déi gréisste Stad ass awer natierlech New York City. Mat ronn 8,8 Milliounen Awunner ass et déi amerikanesch Stad mat där héchster Bevëlkerung. New York City huet e puer vun deene gréissten Touristen-Attraktioune vun der Welt: Times Square, Statue of Liberty, Brooklyn Bridge, Central Park oder Empire State Building. Och Beräicher ewéi Konscht, Kultur a Kulinarik zéien all Joers wäit iwwer 50 Millioune Visiteuren un. Laut dem Forbes Magazine ass New York allerdéngs déi Stad mat den héchste Liewenskäschten an eng vun den deierste Stied op der Welt. An der Millioune-Metropol gi méi ewéi 800 Sprooche geschwat, a ronn 50% vun de Stéit gëtt eng aner Sprooch ewéi Englesch geschwat.

New York City ass d’Heemecht vu villen internationale Konzerner an domat eng vun deene wichtegsten Handelsplaze weltwäit. D’Stad zielt och zu den essentielsten Zentre fir Diplomatie. Zum Beispill hunn d’Vereenten Natiounen hire Sëtz am Big Apple.

Am Norde vum Bundesstaat New York leien déi wonnerschéin Niagara Falls, eng Gruppéierung vun dräi Waasserfäll. Dee gréisste vun deenen dräi ass den Horseshoe, deen d’Grenz tëschent New York an der kanadescher Provënz Ontario bilt. Donieft gëtt et och nach den American an de Bridal Veil Falls, déi awer allen zwee um Terrain vun den USA leien. Den Niagara Floss stierzt ganzer 57 Meter an d’Déift, all Sekonn fléisse ronn 2,8 Millioune Liter Waasser.

Beastie Boys
Kaum eng Grupp huet den Hiphop esou gepräägt ewéi d’Beastie Boys. Déi dräi jiddesch Rapper vun New York hunn an den 1980er Joren net nëmmen a Saache Sampling an Humor nei Moossstief gesat, et waren och esou zimmlech déi éischt wäiss Rapper déi eescht geholl goufen. Och visuell hunn d’Beastie Boys hir Spueren hannerlooss. De Musek-Video vun der Single "Sabotage" gëllt als ee vun den aflossräichste Videoen aus der Geschicht. Nom Dout vum Adam Yauch 2012 huet d’Formatioun sech opgeléist.