Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: North Carolina.

18/10/2024 Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten - 1 Land (North Carolina)

NORTH CAROLINA
Awunner: 10,4 Milliounen
Haaptstad: Raleigh
Spëtznumm: The Tar Heel State

Firwat North Carolina "The Tar Heel State" genannt gëtt, ass net ganz kloer. De Bundesstaat huet fréier wuel zu deene gréisste Produzente vu Makadamm fir de Bau vu Marinn-Schëffer gehéiert. De Spëtznumm kéint vun Aarbechter kommen, déi ongewollt a Makadamm getrëppelt waren an es dowéinst un de Feeschten haten. Eng aner Legend beseet, dass am North Carolina Makadamm wärend dem Revolutiounskrich agesat gouf. Deemno wiere verschidde strateegesch Plaze mat frëschem Makadamm ausgeluecht ginn. Well déi brittesch Zaldoten duerch déi zéi a pescheg Mass hu missen trëppelen, wiere si däitlech manner gutt virukomm.

D’University of North Carolina at Chapel Hill ass 1789 gegrënnt ginn an domat déi eelsten ëffentlech Uni aus den USA. Deen Titel revendiquéieren nach zwou aner Universitéite fir sech, allerdéngs ass d’Institutioun am North Carolina déi eenzeg, op där scho virun 1800 Studente graduéiert hunn.

Deen éischte Gold-Nugget gouf 1799 am Cabarrus County am North Carolina fonnt. Den John Reed war en däitsche Söldner, dee wärend dem Revolutiounskrich an der brittescher Arméi gedéngt huet. Nom Krich huet hie sech mat senger Famill am North Carolina néiergelooss. Um Terrain vun hirer Farm huet säin 12-järege Bouf am Little Meadow Creek e grousse giele Steen fonnt. De Steen huet knapps 8 Kilo gewien a gouf dräi Joer laang am Haus als Dier-Stopper benotzt. 1802 huet e Bijoutier de Steen als Gold-Nugget identifizéiert. D’Découverte huet de Carolina Gold Rush ausgeléist.
 
Roberta Flack
D’Roberta Flack huet am Fong Musek-Pädagogik studéiert a sech op eng Karriär als klassesch Pianistin preparéiert. Den Duerchbroch am Pop-Beräich koum 1971, ewéi de Clint Eastwood de Song "The First Time I Ever Saw" fir säi Film "Sadistico" selectionnéiert. D’Ballad gëtt en Nummer-1-Hit an den USA a kritt am Joer drop e Grammy fir Record of the Year. Och "Killing Me Softly with His Song" gëtt fir d’Roberta Flack e Welt-Hit.