Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: North Dakota.

19/10/2024 Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten - 1 Land (North Dakota)

NORTH DAKOTA
Awunner: 780.000
Haaptstad: Bismarck
Spëtznumm: Peace Garden State, Roughrider State oder Heaven on Earth

Den Theodore Roosevelt ass zwar zu New York City gebuer, huet sech awer nom Dout vu senger Mamm a senger Fra fir zwee Joer op seng Ranch am North Dakota zeréckgezunn. No senger Auszäit gouf hien de Chef vum New York Police Department, Gouverneur vum Staat New York a vun 1901 bis 1909 dee 26. President vun de Vereenegte Staaten. Ëmmer erëm huet de Roosevelt betount, dass hien ni President gi wier, wa seng Zäit an der Natur vum North Dakota net gewiescht wier. Am Weste vum Bundesstaat ass den Theodore Roosevelt National Park nom Politiker benannt.

North Dakota gehéiert zu deene gréisste Grompere-Produzenten aus den USA. All Joers gëtt zu Grand Forks de "Potato Bowl" gespillt. Hei triede mam Idaho an dem Red River Valley déi zwou gréisste Grompere-Regiounen aus dem Land am American Football géinteneen un. Am Kader vum Potato Bowl gëtt et och ëmmer gratis Fritten. De Rekord beim "World’s largest french fry feed" läit bei knapp 2.400 Kilo zerwéierte Fritten.

Zu Jamestown am Süd-Oste vum North Dakota steet e risegt Büffel-Monument. D’Déier aus Beton ass knapps 8 Meter héich, 60 Tonne schwéier a waacht zanter 1959 iwwert d’Stad. North Dakota hält de Guinness Weltrekord fir déi meeschte Schnéi-Engelen déi gläichzäiteg op enger Plaz gemaach goufen. Am Februar 2007 hunn 8.962 Persounen e Schnéi-Engel um Terrain vum State Capitol gemaach.

Wiz Khalifa
De Wiz Khalifa ass zu Minot am North Dakota gebuer ginn. A jonke Jore gouf hien, als Ofkierzung fir d’Wuert "wisdom", "Young Wiz" genannt, well hien an allem wat hie gemaach huet gutt war. "Khalifa" ass dat arabescht Wuert fir "wisdom" a well säi Bop Moslem war, krut de Kënschtler den Numm "Wiz Khalifa". Zum Rapper senge groussen Hits ziele "Work Hard, Play Hard", "Young Wild & Free", "See You Again" oder "Black & Yellow".