
© Photo by Tommy Bond on Unsplash
Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: Oklahoma.
OKLAHOMA
Awunner: 4 Milliounen
Haaptstad: Oklahoma City
Spëtznumm: Native America
Den Numm "Oklahoma" ass eng Kombinatioun aus de Wierder "okla", Mënschen, an "humma", rout, aus der Choctaw-Sprooch. "Oklahoma" heescht also eppes ewéi "d’Land vum roude Mann". Mat ronn 9% huet Oklahoma déi gréisste Populatioun vun indigènë Vëlker aus de ganzen USA. Nieft den Choctaw gehéieren d’Cherokee, d’Chickasaw, d’Muskogee an d’Seminolen zu deene gréisste vun den 39 Native American Gruppen déi am Oklahoma heemesch sinn.
All Joers ass zu Oklahoma City de Red Earth Native American Cultural Festival. Hei treffe sech indigène Artisten an Dänzer aus ganz Nordamerika, fir d’Komplexitéit an d’Diversitéit vun hirem kulturellen Ierwen ze feieren. De Red Earth ass ee vun de gréisste Festivaller vun där Aart an zitt Vertrieder vun iwwer honnert verschiddenen indigènë Vëlker weltwäit un. Den Event ass am National Cowboy and Western Heritage Museum, wou een d’ganzt Joer iwwer méi ewéi 28.000 Western- an Native-American-Konschtwierker an -Artefakter bewonnere kann. De Musée huet och déi gréisste Kollektioun vun amerikanescher Rodeo-Fotografie a Rodeo-Suedelen.
Oklahoma läit matzen an der Tornado-Passage, där am stäerkste betraffener Regioun op der Welt. Am Fréijoer, virun allem am Mee a Juni, trëfft déi waarm an dréche Loft aus den nërdleche Rocky Mountains, op déi waarm a fiicht Loftmassen déi aus dem Süde vum Golf vu Mexiko kommen. Dat sinn ideal Bedingunge fir Tornadoen. Am Schnëtt ginn et am Oklahoma 50 Tornadoen am Joer, déi ëmmer erëm vill Schued uriichten.
Blake Shelton
Mat 17 Joer ass de Blake Shelton aus dem Oklahoma op Nashville geplënnert, fir professionelle Country-Museker ze ginn. Säi Plang ass absolutt opgaangen. Nodeems hie bei Warner Brothers e Placke-Kontrakt ënnerschriwwen huet, ass seng Debut-Single "Austin" direkt op d’Plaz 1 vun de Country-Charts geklommen. Weider 13 Nummer-1-Hits sollten nokommen. 2017 gouf de Blake Shelton vum Magasinn People zum "Sexiest Man Alive" gekréint.