Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrille Fakten an de gréisste Museker! Haut: Oregon.

22/10/2024 Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten - 1 Land (Oregon)

OREGON
Awunner: 4,2 Milliounen
Haaptstad: Salem
Spëtznumm: The Beaver State

Oregon ass deen eenzege Bundesstaat, deen e Fändel mat zwou verschiddene Säiten huet. Op där viischter Säit ass d’Staatswopen an d’Joer 1859 ze gesinn, wéi Oregon den 33. US-Bundesstaat ginn ass. Op der Récksäit ass e Biber drop, dat offiziellt Déier vum Bundesstaat.

Am Oregon geet et déif erof. De Crater Lake am Süd-Westen ass mat knapps 800 Meter deen déifste Séi aus den USA. De Crater Lake zeechent sech duerch seng exceptionell knallblo Faarf aus an ass den Zentrum vum Crater Lake National Park. Mam Hells Canyon läit am Oregon och déi déifste Schlucht aus den USA. Knapps 2.500 Meter déif huet de Snake River sech iwwer Millioune Joer duerch de Canyon gegruewen. Den Hells Canyon mécht d’Grenz zum Idaho.

Mat "Nike" huet déi gréisste Sportsmark vun der Welt hire Sëtz am Oregon, méi genee zu Beaverton bei Portland am Nord-Weste vum Bundesstaat. 1964 hunn de Bill Bowerman, Liichtathletik-Trainer op der University of Oregon, an den Entrepreneur Philip Knight d’Entreprise "Blue Ribbon Sports" gegrënnt. D’Firma huet ufanks Sportsschung vun der haiteger Mark "Asics" verdriwwen, vun 1971 un ënnert dem Numm "Nike" awer selwer Schong hiergestallt. Am Joer drop ass déi éischt selwer produzéierte Kollektioun erauskomm. Den Nike-Logo "swoosh" gouf vum Carolyn Davidson, enger Studentin op der Portland State University, designed. D’Davidson krut deemools 35$ fir den Design, gouf an den 80er awer och nach mat 500 Aktien entlount.

Pink Martini
Wéinst senge politeschen Aktivitéite war de Museker Thomas Lauderdale dacks op Benefiz-Evenementer ënnerwee. Oft huet hien d’Musek op deenen Events ze haart an ze langweileg fonnt. Als Reaktioun dorop huet hien 1994 zwielef Museker zesummegetrommelt an d’Band Pink Martini gegrënnt. Mat hirem Mix aus klassescher Musek a Genres ewéi Latin, Pop oder Jazz, ass de klengen Orchester weltbekannt ginn. Hire gréissten Hit ass "Sympathique (je ne veux pas travailler)".