Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: Pennsylvania.

23/10/2024 Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten - 1 Land (Pennsylvania)

PENNSYLVANIA
Awunner: 13 Milliounen
Haaptstad: Harrisburg
Spëtznumm: Keystone State oder Quaker State

Philadelphia, déi gréisste Stad am Pennsylvania, ass eng historesch Stad an der Geschicht vun den USA. 1776 war an der City of Brotherly Love deen alleréischte Continental Congress vun den Vereenegten Staaten, bei deem déi amerikanesch Onofhängegkeetserklärung ënnerschriwwe gouf. Am Joer drop, de 17. September 1787, huet e Grupp vu Männer ronderëm de Benjamin Franklin déi amerikanesch Verfassung beschloss. Philadelphia war zu deem Zäitpunkt déi gréisste Stad aus den USA a vun 1790 bis 1800 och d’National-Haaptstad.

Lancaster County am Süd-Weste vum Pennsylvania ass déi eelsten Néierloossung vun den Amish People an den USA. Nach ëmmer liewen Zéngdausenden an där Regioun, de Bundesstaat huet déi héchsten Amish-Populatioun op der Welt. D’Amish People stamen haaptsächlech vu Süd-West-Däitschen oder Däitsch-Schwäizer of, ënnertenee schwätze si d’Pennsylvania-Däitsch. D’Amish People sinn eng Glawensgemeinschaft, déi déif mat der Landwirtschaft verwuerzelt ass an eng traditionell Liewensaart fleegt. 

Mat aacht Sportsveräiner déi an den héchste jeeweilege Lige spillen, ass Pennsylvania eng gutt Plaz fir Sportbegeeschterter. Am Baseball kann een zum Beispill d’Philadelphia Phillies oder d’Pittsburgh Pirates kucke goen, am Basket d’76ers an am American Football d’Philadelphia Eagles oder d’Pittsburgh Steelers.

P!nk
Well d’P!nk als klengt Kand u staarkem Asthma gelidden huet, krut hatt Gesangs- an Danz-Coursen fir d’Otem-Technik ze verbesseren. Am Laf vun der Zäit hu sech seng stëmmlech Fäegkeeten esou gutt entwéckelt, dass d’P!nk an e Gospel-Chouer agetrueden ass. Dat war den Ufank vun enger Welt-Karriär. Mat Klassiker ewéi "So What", "Sober" oder "Who Knew", sozialkritesche Lidder ewéi "Dear Mr. President" oder sengen aktuellen Hits, gehéiert d’P!nk zu deenen erfollegräichsten an aflossräichste Musekerinnen iwwerhaapt.