Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: Rhode Island.

24/10/2024 Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten - 1 Land (Rhode Island)

RHODE ISLAND
Awunner: 1 Millioun
Haaptstad: Providence
Spëtznumm: The Ocean State oder Little Rhody

Klein aber fein: Rhode Island ass nëmme 77 Kilometer laang a 60 Kilometer breet, an domat dee klengsten US-Bundesstaat. Gläichzäiteg ass et ee vun den am dichtste bevëlkerte Staaten. Wéinst de ville schéine Buchten an de wonnerschéine Stränn, krut Rhode Island de Spëtznumm "The Ocean State". An der idyllescher Narangansett Bay läit dat Seegel-Revéier an deem zanter 1930 de renomméierten America’s Cup stattfënnt.

Rhode Island ass extrem beléift bei Superräichen. Wou fréier Handelsschëffer duerch déi schwireg Gewässer navigéiert sinn, schmücken haut virun allem déck Seegel-Yachten d’Häfen. Besonnesch vill vun den oppulente Statussymboler gesäit een zu Newport. Och déi wëll a spektakulär Küste-Landschaft ass beléift bei der amerikanescher High Society. Schonn zanter dem 19. Joerhonnert baue sech déi räichst Leit aus den USA reegelrecht Summer-Paläst am Rhode Island. Änlech attraktiv ass d’Haaptstad Providence. Virun allem wéinst de gudden Universitéiten herrscht an der Stad en angeneemt, kosmopolitescht an tolerant Klima. Providence war schonn ëmmer bekannt als Zoufluchtsplaz fir Fräidenker.

D’US Open am Tennis hunn hiren Ursprong zu Newport am Rhode Island. 1881 gouf déi éischt Editioun vum Turnéier nämlech am Newport Casino gespillt. 1915 sinn d’US Open an d’Forest Hills an den New Yorker Quartier Queens geplënnert, wou den Turnéier op Gras a Sand gespillt gouf. 1978 ass d’Kompetitioun zu Flushing Meadows um Hardcourt ukomm. D’US Open sinn dee véierten a leschte Grand Slam vum Joer.

Bill Conti
De Bill Conti ass e Film-Komponist vu Providence. An de 60er hat hie fir Filmer ewéi "Juliette de Sade" éischt Optrëtter am Italo-Jazz-Genre. 1976 koum den Duerchbroch, ewéi hien d’Musek fir de Film "Rocky" mam Sylvester Stallone geschriwwen huet. Kommerziellen Erfolleg hat de Conti och mam Titel-Track fir deen 12. James-Bond-Film "For Your Eyes Only". De Bill Conti vermëscht traditionell orchestral Kompositioune mat modernen Aflëss. An den 80er huet hien och fir Serien ewéi "Der Denver-Clan" oder "Falcon Crest" d’Musek komponéiert.