Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: South Carolina.

25/10/2024 Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten - 1 Land (South Carolina)

 SOUTH CAROLINA
Awunner: 5,1 Milliounen
Haaptstad: Columbia
Spëtznumm: The Palmetto State

Vu 1710 bis 1712 gouf d’Provënz Carolina an North Carolina a South Carolina gedeelt. 1729 ass d’Trennung offiziell ginn. South Carolina huet eng essentiel wichteg Roll an der Onofhängegkeetsbeweegung gespillt. De 15. Mäerz 1776 huet de Bundesstaat, als éischt amerikanesch Kolonie, d’Onofhängegkeet vu Groussbritannien erkläert. Zwee Joer duerno huet South Carolina als éischte Staat d’Confederatiounsartikel ratifizéiert, d’Virleefer vun der spéiderer amerikanescher Verfassung. Den 23. Mee 1788 ass South Carolina als aachte Bundesstaat de Vereenegte Staate bäigetrueden.

Gutt 70 Joer méi spéit huet South Carolina op en Neits eng grouss politesch Roll am Kader vum Amerikanesche Biergerkrich gespillt. Nodeems de Sklaverei-Géigner Abraham Lincoln zum President gewielt gouf, ass South Carolina am Wanter 1860 als alleréischte Staat aus der Unioun ausgetrueden. Am Verglach zu den industriell gepräägten Nordstaaten, huet an de Südstaaten haaptsächlech d’Landwirtschaft regéiert. D’Besëtzer vu Plantage konnten hire Verkaf vu Kotteng just duerch déi bëlleg Aarbecht vu Sklaven oprecht erhalen. Och den Ubau vun Nëss oder Tubak war eleng duerch d’Sklaven erfollegräich. D’Leit aus de Südstaaten haten Angscht, duerch e Verbuet vun der Sklaverei op der Streck ze bleiwen. South Carolina huet mam Austrëtt den Ustouss ginn, fir d’Confederatioun vun den eelef Südstaaten ze grënnen. De Sezessiounskrich gouf 1865 awer géint d’Uniounsstaaten aus dem Norde verluer.

South Carolina läit direkt um Atlantik a bestécht virun allem mat enger wonnerschéiner Küste-Landschaft, schéine Stränn a ville klenge Buchten. Am Süde fënnt een och déi impressionnant Palmetto-Palmen, déi dem Bundesstaat säi Spëtznumm ginn.

James Brown
Den James Brown huet mat sengen dynamesche Live-Optrëtter en neie Moossstaf an der amerikanescher Zeen gesat. Inspiréiert vu Priedeger aus der schwaarzer Kierch huet de "Godfather of Soul" de Gospel a weltlech Musek verwandelt. Als kulturelle Guru huet den James Brown Hits geschriwwen, déi zu schwaarzem Stolz opgeruff hunn. Aus sengem Rhythm and Blues huet de Brown de Funk kreéiert. E Groussdeel vun der Popmusek no den 1960er ass op säi Groove zeréckzeféieren.