Esou liewenswichteg wéi Salz fir de Kierper ass, huet et en zimmlech schlechte Ruff. Experte warne scho jorelaang virun engem ze héije Salzkonsum, well dat zu Blutthéichdrock, Schied un den Nieren oder Schlag féiere kéint. Eng Rëtsch nei Etüde beleeën awer elo de Géigendeel. Salz ass net per se ongesond. 

25/10/2024 Salz - wéi gesond ass dat wäisst Gold?

Laang Zäit huet et a punkto Salz. geheescht: Wat manner wat besser. Déi Fauschtreegel kéint awer fir munch Leit och geféierlech ginn. Kloer ass, dass ze vill Salz den Drock an de Bluttgefässer op ongesond Manéier an d'Luucht dreift, ma an de leschte Jore goufen et nei Erkenntnesser dass ze wéineg Salz och net gesond ass, Dr Nico Haas:

Do ass eng Etüd am Lancet erschéngen, vun enger kanadescher Universitéit, McMaster, déi huet gewisen, wann ee manner wéi dräi Gramm Salz den Dag zou sech hëlt, da geet et de Leit net sou gutt. Et gëtt eng Erhéijung vun den Häerzattacke vun hire Schlag. An d' Leit liewen am grousse Ganze manner laang wéi eng Population de contrôle, déi méi wéi fënnef Gramm Salz den Dag ësst.

Och fir d'Haut ass d'Salz bekanntlech jo gesond:

Op der Haut huet et en Effekt, wou et duerch Bluddung ureegt an d' Gëftstoffer ofschwämmt. Dat gëtt benotzt, zum Beispill ginn d' Leit un d' doudegt Mier, fir hir verschidde Krankheeten, wéi Neurodermitis oder Schuppenflechte ze heelen. D' Wee sinn also net genau, mee d' Wee si sécher, dass et erëm wéi beim Paracelsus ass, wat ze vill ass, ass ze vill, a wat net genuch ass, ass net genuch. Alles aus Gëft muss ee just d' richteg Dosis fannen.

Ze seele gëtt drop opmierksam gemaach, dass duerch eng permanent Liewensweis ouni Salz och en Natriummangel entstoe kann, dee besonnesch eeler Mënsche betrëfft.

Salz muss ee bedenken, dass bal an alle Mental, wat een ësst. Ech mengen, et sollt een ganz sécherlech virsiichteg sinn, wéi een et ugeet, fir manner Salz ze iessen. Et kann ee jo scho mol ufänken, domat, datt een net méi no salzt iwwer Dësch, well normalerweis huet dat, wat mir iessen all Dag, Kéis, Wurschtprodukter an déi Saachen, déi hunn alleguerte scho genuch Salz, wat eise Bedarf ugeet.

Doriwwer eraus kann och déi geeschteg Leeschtung ënner engem Salzmangel leiden, wat mat Schwindel, oder Gläichgewiichtsstéierungen verbonne ka sinn. Ënner Seniore leiden ongeféier 10% ënner engem Natriummangel, deels och onbewosst.