
© Pixabay
... 156 Joer trëtt di Lëtzebuerger Constitutioun a Kraaft. Am Prinzip gëllt se bis haut, och wa se dotëscht x-mol ugepasst gouf. Wat steet soss nach haut sou um Kalenner?
1810 ass op der Theresienwiese zu München d'Prënzenhochzäit vum Krounprënz Ludwig an der Prinzessin Therese von Sachsen-Hildburghausen - d'Feierlechkeete gi mat engem grousse Volleksfest a Päerdscourssen op en Enn. Et ass dat éischt Oktoberfest.

© Pixabay
4 Joer méi spéit, 1814, kënnt et zu London zur grousser Béier-Iwwerschwemmung. An enger Brauerei platzt e grousst Faass Béier, an bréngt esou weiderer zum baschten. Am ganze ronn 1.5 Millioune Liter stréimen duerch di ëmleiend Stroossen, loossen Heiser afalen a rappen 8 Leit mat an den Doud.

© Pixabay
1961 demonstréieren zu Paräis gutt 30.000 Algerier friddlech géint eng wéinst dem Algeriekrich verhaangen Ausgangsspär. Méi wéi 200 vun hinne ginn erschoss, ronn 11.000 ginn ausser Land deportéiert. Di lokal Autoritéiten ënnert dem Maurice Papon dementéieren de sougenannte Massaker vu Paräis.
Haut viru 35 Joer ass zu a ronderëm San Francisco dat schwéiersten Äerdbiewen zanter 1906. Mat 7.1 Punkten op der Richterskala ziddert de Buedem wärend 15 Sekonnen. 62 Leit stierwen, an den drëtte Match vun de Baseball-Championnatsfinallen tëscht San Francisco an Oakland muss kuerzfristeg verluecht ginn.
Di global Äerderwiermung léisst de Mieresspigel ëmmer méi klammen. Dat wëssen se 2009 och scho längst op de Maldiven, dowéinst hält hire Präsident Mohamed Nasheed eng Chamberssëtzung ënner Waasser um Mieresbuedem.
1938 gëtt den Evel Knievel gebuer. Als Stuntman gëtt en weltberüümt a brécht sech bei 38 Accidenter am ganzen 433 Schanken.
Manner dacks Schrott ofgeliwwert huet de Kimi Räikkönen. De Finn ass zanter 2007 dee leschte Formel-1-Weltmeeschter fir Ferrari, a gëtt haut 45 Joer al.
1967 stierft mam Pu Yi dee leschte Keeser vu China. Seng Liewensgeschicht gëtt 1987 verfilmt a mat 9 Oscaren ausgezeechent.
An dann hu mir nach 4 Museker:
- 55 Joer al gëtt den Haitianer Wyclef Jean
- 52 Joer al ginn de Rapper Eminem an den türkesche Popsänger Tarkan
- 1849 stierft um 17. Oktober de franséisch-polnesche Komponist Frederic Chopin.