Iwwer de Summer vun dësem Joer kënne mer definitiv e Kräiz maachen. Déi leschten Méint sinn awer och an der Praxis vun den Déierendokteren net erlaanscht gaangen, ouni Spueren ze hannerloossen. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth erënnert sech un ee markante Fall, deen an déi grouss Hëtzt gefall ass.

24/09/2024 Déierentipp: Dem Mops war et ze waarm

D´Laury war krank! Virun e puer Deeg huet déi eeler Mopsmadämmchen ugefaangen mackeg ze ginn, mam Friessen ze läpsen an si hat och e bësse den Duerchfall. Dunn op eemol gouf se richteg apathesch, den Duerchfall carrement bluddeg an huet sech och an engem Stéck missen iwwerginn. Dem Laury seng Leit hu gemengt, d'Noperen, déi sech des lescht emol fatzeg iwwert dem ale Mops säi Gebills opgereegt haten, hätte vläicht eng doudeg, vergëfte Maus iwwert d´Heck an de Gaart gehäit.

Romi Roth - dem Mops war et ze waarm - Problem

Dat ass natierlech ni eng Optioun! Obwuel ee sech virstelle kann, wéi uerg et muss sinn, wann ee Nopeschmupp an engem Stéck billt an ee näischt duergéingt maache kann.

Esou een Dauergebill ass och iwwerhaapt net gutt fir den Hond selwer. Grad 'Brachygnathen', also Honn mat kuerze Schnësser an anerer mat kleesperem Genéck a ronne Käppercher wéi zum Beispill Chihuahuaen kréien da gär hiert Genéck an och de Kapp wéi. Dobäi war d´Laury den Ament scho gutt zerwéiert: déi jonk Studentin, déi hatt fir d´Vakanz vu senge Leit versuergt hat, war an der praller Mëtteshëtzt mat him trëppele gewiescht. Wann een da  bedenkt, dass de Makadamm scho bei 30 Grad Lofttemperatur op 62 Grad Celsius un d´Kache kënnt, da kann ee sech gutt virstellen, wéi d´Geträips vun esou engem Déier gekacht gëtt, dat mat sengem Bauch keng 20 cm vum Buedem ewech ass.

Romi Roth - dem Mops war et ze waarm - Beschreiwung

D´Laury hat nach ferm Chance: no e puer Baxteren a Sprëtzen géint d´Entzündung, d´Verkeimung an d´Krämp war déi al Mopsmidderchen erëm gutt.