
© Pixabay
... 45 Joer gëtt vun der UNO de Welthongerdag agefouert fir drop opmierksam ze maachen, dass nach ëmmer Millioune Leit Honger musse leiden - bis haut. Aus deem selwechte Grond ass haut och de Weltdag vum Brout.
Haut ass och nach den internationalen Dag vum Dictionnaire. Deen éischte gouf 1806 vum Amerikaner Noah Webster publizéiert. Komescherweis ass dee 1758 op dësem Dag op d'Welt komm.

© Pixabay
An, dee leschten, mir feieren haut de Weltdag vum Ether. Well haut virun 178 Joer zu Boston di éischt ëffentlech Anästhesie mat Hëllef vun enger Etherkugel duerchgefouert gëtt.

© Pixabay
1793 gëtt d'Marie Antoinette op der Guillotine gekäppt. Di fréier Kinnigin vu Frankräich a Fra vum Louis XVI (am Volleksmond och Louis Le Dernier genannt) stierft op där selwechter Plaz wéi hire Mann 9 Méint éischter - op der haiteger Place de la Concorde zu Paräis.

© Pixabay
1923 grënnen d'Bridder Walt a Roy Disney hiren Disney Brothers Cartoon Studio, aus deem spéider d'Walt Disney Company wäert ginn.

© Pixabay
1941 gi mam Sonderzug Da3 323 Judde vun der Stater Gare an de Ghetto vum polnesche Lodz deportéiert. Nëmmen 12 vun hinne sollten den Holocaust iwwerliewen.

© Pixabay
Op den Olympesche Summerspiller 1968 zu Tokio halen di 2 amerikanesch Sprinter Tommie Smith an John Carlos um Podium hir Fauscht an enger schwaarzer Händsch an d'Luucht. Mam Black Power-Symbol protestéiere si géint de Rassismus an hirem Land. Och deen Drëtten um Podium, den Australier Peter Norman, weist sech mat hinne solidaresch. Di 2 Amerikaner ginn direkt heemgeschéckt.
Als Reaktioun op de Jom Kippur-Krich decidéiert 1973 d'OPEC, de Pëtrolspräis ëm 70% ze héijen - dat ass den Ufank vun der éischter Uelegkris.

© Pixabay
Am 8.Walgang vum Konklav gëtt 1978 de polnesche Kardinol Karol Wojtyła zum Nofollger vum Poopst Jean-Paul I gewielt, an hëlt den Numm Jean-Paul II. un. Et ass deen éischten net italieenesche Poopst zanter 1523.
An haut viru 56 Joer stierft den englesche Komiker Freddie Frinton. Seng Paraderoll war déi vum Butler James am Kult-Sketch "Dinner for One".
1854 gebuer ass den iresche Schrëftsteller Oscar Wilde, a säin däitsche Beruffskolleg Günter Grass kënnt 1927 op d'Welt. iresche Schrëftsteller.
27 Joer al gëtt de monegassesche Ferrari-Formel-1-Pilot Charles Leclerc.

© Pixabay