
Ee vun de ganz groussen Tube'n vun der Paräisserin déi an der Stad vun der Léift gebuer an och gestuerwen ass. Matzen am Bommenalarm 1944 koum d'Françoise op d'Welt. 80 Joer al gouf d'Sängerin déi iwwer 30 Studio-Alben eraus bruecht huet.
Den éischten Hit hat d'Sängerin mat 18 Joer
E Lidd wat d'Françoise Hardy selwer geschriwwen huet. Dat Joer drop goung et op den ESC wou fir Monaco eng fënneft Plaz eraus gesprongen war.
D'Musekszäitschrëft Rolling Stone huet d'Franséisin an d'Lëscht vun den 200 gréisste Sänger opgeholl, déi eenzeg Vertriederin aus dem Hexagone. No der Noriicht vum Doud den 11. Juni sinn déi gréissten Hits vun der Sängerin a ville Länner op d'Spëtzt bei Spotify gesprong. A verschiddenen net-franséischsproochege Länner huet d'Streame vu Françoise Hardy's Klassiker ëm iwwer 1000 Prozent zougeholl.
D'Musek vum Françoise Hardy huet all Generatioune begeeschtert a vill jonk Artisten hu sech drëm gerass fir mat der Ikon zesummen ze musizéieren oder e Song opzehuelen, wéi hei an dësem Fall d'Jonge vun der Alternative-Band Blur.
Privat war d'Sängerin, Texterin, Komponistin mat der zaarter, fragiller Stëmm an den dacks melancholesche Lidder bestuet mam franséische Museker an Acteur Jacques Dutronc. Déi béid, d'Eltere vum Thomas Dutronc, waren zwar schonn iwwer 30 Joer offiziell net méi zesummen, hate sech awer ni scheede gelooss mee waren ëmmer nach am Kontakt.
D'Françoise Hardy hat 20 Joer laang géint de Kriibs gekämpft a war es zum Schluss leed. D'Musekerin huet sech offiziell och fir d'Stierfhëllef agesat. D'Trauerfeier fir déi beléift Paräisserin war um Kierfent Père-Lachaise. D'Urn mat der Äschen gouf op Monticello op der Insel Korsika bruecht, do wou d'Famill fréier zesumme gewunnt huet. Dat hat d'Chansonnière sech esou gewënscht.