... 35 Joer gëtt den Egon Krenz neie Staats- a Parteichef vun der DDR, a léist den Erich Honecker of. A senger Untrëttsried präägt de Krenz de Begrëff "Wende".

18/10/2024 Haut virun...

1851 kënnt zu London dem Herman Melville säin haut weltbekannte Roman "Moby Dick" eraus.

An enger feierlecher Zeremonie iwwerginn d'Russen 1867 d'Gebitt Alaska un d'Amerikaner. Käschtepunkt: 7.2 Milliounen Dollar. Zousätzlech gëtt d'Datumsgrenz no Weste verréckelt, fir dass d'Aleuten, déi och zu Alaska gehéieren, an di selwecht Zäitzon integréiert kënne ginn.

1896 ginn zu Iechternach di éischt Filmer hei zu Lëtzebuerg gewisen. 26 Joer méi spéit, 1922, gëtt zu London als onofhängege Radiosender d'British Broadcasting Corporation gegrënnt - d'BBC.

1967 feiert de Walt-Disney-Film "The Jungle Book" grouss Premiere an den USA.

D'Joer drop, 1968, spréngt den Amerikaner Bob Beamon op den Olympesche Summerspiller zu Mexiko-Stad 8.90m wäit - de "Sprong an dat 21. Joerhonnert" jubiléiert d'Press. Dat hat bal geklappt - 1991 gëtt dee Weltrekord vum Mike Powell op 8.95m verbessert, a steet bis haut. Dem Beamon seng 8.90m si bis haut olympesche Rekord.

1977 geet den "Deutscher Herbst" op en Enn. Bluddeg. Spezialeenheete stiermen zu Mogadischu den entfouerte Lufthansa-Fliger Landshut a befreien all 86 Geiselen. 3 vu 4 Terroriste ginn erschoss. Nodeems d'Befreiung nach an der Nuecht bekannt gëtt, huele sech zu Stuttgart di inhaftéiert Haaptleit vun der R.A.F. d'Liewen. An dee selwechten Dag gëtt och nach dee vun hinnen entfouerten Arbeitgeberpräsident Hanns-Martin Schleyer erschoss. Seng Läich gëtt den Dag drop zu Mulhouse an der Mall vun engem Auto fonnt.

98 Joer al gi wier haut ee vun de Pappe vum Rock n' Roll, den Chuck Berry. Dee selwechten Dag gebuer wéi hien gëtt de charismateschen däitschen Acteur Klaus Kinski.

Beim AJ Auxerre feiere se haut bestëmmt - hir Trainerlegend Guy Roux gëtt 86 Joer al. Ee Joer méi spéit, 1939, kënnt de Lee Harvey Oswald op d'Welt. Dee Mann deen den John F Kennedy erschoss soll hunn.

"Muscles from Bruxelles" de belschen Acteur Jean-Claude Van Damme krit 64 Joer.

Donieft ginn des Spëtzenathleten och alleguer e Joer méi al:

Di fréier Tennis-Nr1 Martina Navratilova feiert feiert den 68., di fréier Tennis-Nr2 Michael Stich gëtt 56 Joer al, an di entretemps zweetbescht Skileeferin vun allen Zäite Lindsay Vonn krit 40 Joer.