
© RTL
... 65 Joer fänke mir u mat senden. Mir, RTL. Mee et sinn och nach aner remarkabel Saache passéiert op engem 19. Oktober.
Bleiwe mir awer nach e Moment am Grand-Duché, einfach nom Motto: Luxembourg first. 1959 ass et effektiv mëttes um 12 Auer di éischt Emissioun vu Radio Lëtzebuerg. Op UKW am Kanal 18, se dauert zwou Stonnen, duerno ginn di däitsch oder englesch Radiosprogrammer vun RTL ausgestraalt.

© cactus.lu
1967 geet dann deen éischte Cactus op - zu Bäreldeng, de Supermarché do gëtt et nach haut.

© Cour grand-ducale/Christian Aschman
Grouss gefeiert gouf 2012 d'Hochzäit vum Ierfgroussherzog Guillaume an dem Stéphanie de Lannoy. Haut virun 12 Joer gi si vum Stater Buergermeeschter Xavier Bettel zivil bestuet. Den Dag drop ass di kierchlech Feier an der Kathedral.
Gi mir a Frankräich: 1977 leeft "Star Wars" an de franséische Kinoen un. Dee selwechten Dag fänkt den Iwwerschallfliger Concorde u mat de reegelméissegen Transatlantikflich tëscht New York a Paräis.

© Pixabay
Haut virun 21 Joer gëtt d'Mutter Teresa zu Roum vum Poopst Jean-Paul II. séileg gesprach. 6 Joer no hirem Dout ass dat di bis dohi séierste Séilegspriechung vun der Neizäit. An zanterhier gëtt an hirem Gebuertsland Albanien och den Dag vun der Mutter Teresa gefeiert.

© Pixabay
80 Joer al gëtt den amerikanesche Museker George McCrae. Viru 50 Joer hat en mat "Rock your Baby" een internationalen Hit.
Dann dee Mann, deem e Stéck vum Ouer feelt - merci Mike Tyson - de fréiere Box-Champion Evander Holyfield huet haut säin 62. Gebuertsdag.
Haut viru 4 Joer stierft am Alter vun 81 Joer de brittesche Museker Spencer Davis, a Namensdag hunn haut all d'René'en a Joëlle'en.