... 50 Joer leeft di éischt Folleg vun der Krimiserie "Derrick". 280x spillt den Horst Tappert duerno den Oberinspektor. Et ass di meeschtverkaaften däitsch Serie, se gëtt a méi wéi 100 Länner gewisen.

20/10/2024 Haut virun...

1340 gëtt vum Jang de Blannen d'Schueberfouer agefouert. Ob et deemools och scho no Grillwurscht a Popcorn gericht huet? D'Fouer ass haaptsächlech als Stoft- a Krommaart ausgeriicht. Riserad a gréngt Spill komme réischt méi spéit op de Glacis stoen.

Nach eng Kéier Lëtzebuerg - 2013 si virgezunne Chamberwalen. D'CSV krit zwar di meeschte Stëmmen, mee et wëllt kee mat hinnen an d'Koalitioun. Sou kënnt et zur sougenannter "Gambia-Koalitioun", déi um Enn den DP-Premier Xavier Bettel stellt.

1947 kréien d'Vereente Natiounen hiren eegene Fändel. E wäissen Äerdkrees agerummt mat 2 Olivenzweiger op hellbloem Fong. De Fändel weist domat d'Gronduleies vun der UN: di ganz Welt am Fridde vereent.

RTL

© Pixabay

Am Kader vum Watergate-Skandal kënnt et 1973 zum sougenannte "Saturday Night Massacre", bei deem den US-Präsident Richard Nixon noeneen 2 Justizministeren entléisst well des refuséieren, de Chefermëttler vun der Affär rauszegeheien. Réischt deen 3. Minister kënnt der Opfuerderung no.

Dee selwechten Dag ass et zu Sydney di feierlech Ouverture vun der Oper duerch d'Queen Elizabeth II.. Di 9. Sinfonie vum Beethoven gëtt gespillt, d'Tëlee ass live dobäi.

1983 gëtt zu Paräis de Meter nei definéiert vun der 17. Generalkonferenz fir Mooss a Gewiicht. E Meter ass déi Streck, déi d'Liicht am Vakuum bannent 1/299.792.458tel Sekonn zréckleet.

RTL

© Pixabay

1996 ginn zu Bréissel eng 250.000 Leit op d'Strooss fir an der Affär Dutroux géint Pannen an Onverméigen vun den Autoritéiten ze protestéieren.

1950 gebuer war den US-amerikanesche Rockmuseker Tom Petty.

Gëtt si di éischt amerikanesch Präsidentin? 60 Joer al gëtt d'Kamala Harris.

"Pa aufs Maul" hat en der scho mol krit, net just vum Regina Halmich, haut hoffentlech net, 58 Joer krit den däitschen Entertainer Stefan Raab.

53. Gebuertsdag fir den amerikanesche Rapper a Maskottchen vun den Olympesche Summerspiller dëst Joer zu Paräis Snoop Dogg.

Di brittesch Sängerin Jess Glynne gëtt haut 35 Joer al.