... 234 Joer gëtt d'Tricolore de Nationalfändel vu Frankräich. 1680 gëtt zu Paräis mat der "Comédie-Française" ee vun de 6 Nationaltheatere gegrënnt.

21/10/2024 Haut virun...

1805 gewënnt di brittesch Flott ënnert dem Horatio Nelson géint di franséisch Flott ënnert dem Napoleon Bonaparte di faméis Séischluecht vun Trafalgar. Zanterhier ass den 21. Oktober den Trafalgar-Day a Groussbritannien. 35 Joer méi spéit gëtt zu London um sougenannten Trafalgar Square eng 46m héich Sail mat enger Figur vum Nelson opgeriicht.

RTL

© Pixabay

Dann awer och nach eng gutt, kulturell Nouvelle fir eis franséisch Frënn - 1858 ass et zu Paräis d'Uropféierung vum Jacques Offenbach senger Operett "Orphée aux Enfers", a gëtt e grousse Succès.

Keen Erfolleg hat haut virun 80 Joer de Japaner Yoshiyasu Kuno. Him kënnt am Pazifikkrich di zweiwelhaft Éier zou, deen éischte Kamikazepilot ze sinn. Seng Missioun mëssléngt awer.

1997 ass et eng Blamage fir Mercedes-Benz, wéi hire neie Modell A-Klasse beim sougenannten "Elchtest" ëmkippt. Als Konsequenz gëtt duerno den ESP serieméisseg agebaut, an den Auto dann awer nach e Succès.

2007 gewënnt de Kimi Räikkönen mam leschte Grand-Prix vun der Saison a Brasilien och de Weltmeeschtertitel. Bis haut ass de Finn dee leschte Ferrariweltmeeschter a schéngt et och mol einstweile nach ze bleiwen.

1833 kënnt de schweedeschen Erfinder, Industriellen a Stëfter vum Nobelpräis op d'Welt, den Alfred Nobel.

1940 gebuer gëtt a Südafrika de Manfred Mann, dee mat senger "Earth Band" weltbekannt sollt ginn.

Nach méi e grousse Star ass de Steve Lukather. Gittarist, Sänger, Studio- a Solomuseker a Grënnungsmember vun Toto - hie kënnt viru 67 Joer op d'Welt.

An um Enn misst de "Back to the Future" Fans dësen 21. Oktober dach bekannt virkommen. Et ass am 2. Film deen Dag, op deem de Marty McFly an den Doc Brown an der Zukunft ukommen. Di deemoleg Virstellung vun 2015 an di effektiv leien dann awer bëssen auserneen...