
© Gemeng Nidderaanwen
Lëtzebuerg mobiliséiert sech fir déi mental Gesondheet. Am Kader vun de "Semaines de la Santé Mentale" gëtt uechter dat ganzt Land, vum 7. bis den 20. Oktober e villsäitege Programm proposéiert, mat iwwert 100 Aktivitéiten.
Themen dréine sech dëst Joer virun allem ëm mental Gesondheet bei Kanner a Jugendlechen, mam Motto: "Jugendlecher ënnerstëtzen, d’Zukunft stäerken".
De Sacha Bachim, Psychotherapeut a Fachberoder fir Suchtpreventioun beim nationale Suchtpreventiounszentrum CNAPA, gëtt eis e puer Abléck an de Programm:
"Et sinn Aktivitéiten, déi sech riichten un déi Jonk. Et sinn Aktivitéiten, déi sech riichten un kulturintresséiert Leit. Et gëtt e Filmowend, e Ciné Debat, wou Experte sech austauschen zu engem flotte Film iwwert d' Theema Psychiatrie. Et gëtt dann eeben en Éischthëllefscours an der psychescher Gesondheet, wou een deelhuelen kann. Déi fannen och am ganze Land statt, mee och an der Gemeng Nidderaanwen. Et gëtt e Suchtpreventiounsowend, dat heescht wierklech, wou de Fokus läit op Wat kann ee maachen als Eenzelen, awer och als Gesellschaft? Als Gemeng, fir zum Wuelbefanne vun de Kanner a Jugendlechen bäizesteieren. Do gi mer op Theemen an, wéi Cannabiskonsum, wéi Alkohol an der Schwangerschaft a voilà, Fëmmen, Tubakskonsum, dee bei déi Jonken och staark leider eropgaangen ass, déi lescht Zäit. Dat heescht, voilà, do geet et wierklech ganz spezifesch ëm d' Suchtpreventioun."
Den 18. Oktober, um Ënn vun deenen zwou Wochen, ass an der Gemeng Nidderaanwen e Concert mam Tali, Chaild, a Maz, Sacha Bachim:
"Et ass e kommentéierte Concert, dat heescht, et gëtt en Optrëtt vun de Kënschtler, mee mir schwätzen awer och iwwert d'psychesch Gesondheet, och grad am Kontext vun der Konscht a vun de Kënschtler, wat e ganz spannend Format ass. Ech mengen et ass ganz wichteg, dass mer Leit hunn, déi an der Ëffentlechkeet stinn, déi sech och trauen, vläicht en Tabu ze briechen a vläicht iwwer eegen Erfarungen ze schwätzen."
Weider Informatioune fannt Dir op