
© Pixabay
... 145 Joer Thomas geléngt dem Alva Edison den éischten erfollegräiche 40-Stonnen-Test vu senger Gléibier. A viru 60 Joer ass de Jean-Paul Sartre deen Éischten, deen de Literaturnobelpräis refuséiert.
Stuttering op englesch - stottern op däitsch - tuddelen op lëtzebuergesch. Haut ass de Weltdag dofir - ronn 1% vun der Weltbevëlkerung stéisst sech, dorop soll haut opmierksam gemaach ginn - zanter 15 Joer ass eng gréng Schläif d'Symbol vun dësem Event.

© Pixabay
1811 kënnt den éisträichesch-ungaresche Pianist a Komponist Frant Liszt op d'Welt. Nëmmen 12 Deeg viru sengem Doud 1886 spillt hien am Stater Casino säi leschte Recital. Kuckt mol an der Ënneschtgaass beim Casino, do erënnert eng Plack un dem Liszt säin finalen Optrëtt.
1982 spillt de Sylvester Stallone fir di éischte Kéier d'Roll vum Krichsveteran John Rambo, wéi "First Blood" an den amerikanesche Kinoen uleeft. En begrënnt de Genre vum "One-Man-Army"-Actionfilm. 4 weider Rambo-Filmer komme no - aus dem 3. Episod ass deen heiten oscarwierdegen Dialog:
Ëm Fridde geet et 1983, wéi an Däitschland méi wéi eng Millioun Leit eng 108km laang Mënschekette forméieren. Si demonstréiere fir Fridden, Ofrëschtung a géint d'Stationéiere vu neien Atomrakéiten an Däitschland.
1985 ass alles Friede, Freude, Eierkuchen - do leeft um ZDF di éischt Folleg vun der "Schwarzwaldklinik". Bis zu 28 Millioune Leit kucke 5 Joer laang all Woch mat Begeeschterung, wéi Dokter Brinkmann a Schwester Christa sech ëm hir Patiente këmmeren. A wéi de Sascha Hehn a säi wäisse Golf Cabrio spréngt.
2006 gëtt de Fernando Alonso fir di zweete Kéier hannerteneen Formel 1 Weltmeeschter.
2012 Joer krit de Proficyclist Lance Armstrong all seng Titele nom August 1998 oferkannt wéinst Dopping, dorënner och seng 7 Victoire beim Tour de France. Den Amerikaner gëtt liewenslänglech gespaart.
86 Joer al gëtt den amerikaneschen Acteur Christopher Lloyd, deen als "Doc Brown" an de Back to the Future Filmer weltberüümt gëtt.
81. Gebuertsdag haut fir di franséisch Actrice Catherine Deneuve.
1958 gebuer war den Acteur Ender Frings, deen am Andy Bausch sengen "Troublemaker"-Filmer den Chuck Moreno gespillt huet. Séier duerno ass en a Namibia ausgewandert an ass do viru 4 Joer gestuerwen.
56 Joer al gëtt den jamaikanesch-amerikanesche Museker Shaggy.
55. Gebuertsdag fir de belsche Sänger Helmut Lotti.
A virun 2 Joer gestuerwen ass den éisträicheschen Entrepreneur a Matgrënner vu Red Bull Dietrich Mateschitz.

© Pixabay